E Strauss ass schonn en imposant Déier, mam laangen Hals a sengem strenge Bléck, an d'Reaktiounen bei Kleng a Grouss, goungen de Weekend um Straussefest zu Conter vun 'ängschtlech' iwwer 'léif'  bis 'witzeg'. Bei enger 'Visite guidée' huet een an enger Stonn déi néideg Explikatiounen kritt, beim Iessen a Gedrénks war groussen Undrang, an d'Kanner hu sech mam Zichelchen a Facepainting ameséiert. Am Mëttelpunkt stoung awer dat grot Déier op den zwee dënne Been.

Straussefest - Leit
RTL

30 Joer ginn zu Lëtzebuerg schonn Straussen geziicht, an dovunner sinn et 9 Joer an deenen den Robert Axmann sech mat senger Fra zu Conter e Numm gemaach huet. Den Haushär war begeeschtert iwwer den Zousproch dee si de WE haten, mat virun allem Familljen mat Kanner.

Straussefest - Organisatioun
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL