
© Patrick Greis
2/3 vun der Populatioun hunn Problemer fir mam schlofen unzekommen oder duerchzeschlofen. Dogéint muss a kann een och eppes ënnerhuelen. Den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet e puer Punkten zesummegestallt, wéi Iech d'Aen garantéiert zoufalen an de Schlof zu engem gesonden gëtt.
De nächsten Dag plangen fir nuets net mussen ze stressen. Ech zB leeën meng Kleeder prett an rechnen mer dann aus, jee nodeem wéini ech opstoe muss, wéini ech an d'Bett soll. Ideal ass en Multipel vun 90, der ongeféier Dauer vun engem Schlofzyklus, also 4x90=360 Minutten. Ech ginn also gär 6 Stonnen méi fréi an d'Bett wéi de Wecker schellt. 1 Stonn virun der Bettzäit keng Telé a keen Ecran méi. Just virum Bett gëtt den Handy op 'lautlos' gestallt a mam Ecran no ënnen geluecht. Dann loossen ech den Dag Revue passéieren: Wat waren déi 5 gutt Saachen a wat déi eege Suergen oder negativ Gedanken.
Suergen a Problemer hunn wärend der Nuecht näischt an ärem Kapp verluer. Donieft gëtt et nach eng Formel déi immens effikass ass.
Falls ech dann nach net entschlof sinn, maachen ech eng Otemübung déi och bei stressegen Beruffer wéi Police oder Militär genotzt gëtt. Eng Technik ass 4-7-11. 4 Sekonnen duerch d'Nues anootmen, kleng Paus, 7 Sekonne laang ganz lues duerch den Mond ausootmen. Dat ganzt 11 Minutte laang, dat aktivéiert den Géigespiller vum 'Symphatikus', reduzéiert Bols, Bluttdrock an dann schléift een besser, an esou bleift dir gesond.