
© Patrick Greis
De Jean-Marie Halsdorf huet seng politesch Karriär an der Gemengepolitik ugefaangen. Vun 2004 bis 2013 war den Halsdorf Lëtzebuerger Innen- a Verdeedegungsminister an elo ass de fréieren Deputéierten nees Gemengepapp vu Péiteng an domadder schléisst sech de Krees. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech fir de Revers vun der Medail, vu sou enger Funktioun interesséiert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 gëtt de Jean-Marie Halsdorf e Beispill vun der Sprooch vun de Politiker, déi villes ausseet ouni eppes ze soen. Mir héieren, dass hien direkt zwee däitsche Fussballveräiner seng Daumen dréckt, Gladbach a Bayern an mir héieren wéi schlëmm et wierklech ëm hien stoung, no sengem geféierlechen Skiaccident.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen