© Patrick Greis
Als Politiker huet de Jean-Marie Halsdorf sech en Numm gemaach, awer t'ass jo net wéi wann de geléierten Apdikter soss en onbeschriwwent Blat wier, just dass déi Säite vun him manner bekannt sinn. Am 'Café des artistes' am Gronn waren den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten beméit fir erauszefanne wéi eng aner Talenter, Interessien an Dreem beim 68 Joer ale Buergermeeschter vu Péiteng nach eng Roll spillen. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Jean-Marie Halsdorf, dass hien op säin Pizzasuewen houfreg ass. Hien erënnert sech un e Concert vum Frank Zappa wou d'Leit herno all beniwwelt waren. Hie verréit wéi hie vun den Zigarette lass koum a freet sech op deen Dag wann hie säi Buergermeeschteschposten an 1, 2 Joer opgëtt.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen