Als Politiker muss een mat all Waasser gewäsch sinn, an wien ausdeelt muss och astieche kënnen. All déi Reegelen beherrscht de Vollbluttpolitiker Jean-Marie Halsdorf deen et 1987 fir d'éischt an d'Gemengepolitik gezunn huet, ier e mat an d'Landeswalen gaangen ass. 1994 koum den aktuelle Buergermeeschter vu Péiteng an d'Chamber a vun 2004 bis 2013 war hien Innen- a Verdeedegungsminister. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer net just dee politesche Parcours skizzéiert. Piano: Marc Schmidt

28-06-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Marie Halsdorf (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Auteur, Acteur a Regisseur Jean-Paul Maes. Hien ass meeschtens op déi Rollen vun de Béisen an Ellenen abonéiert, a spillt och alt emol e Kannermäerder oder een ouni Kapp. Schonn mat 8 Joer huet hien Theaterstécker geschriwwen an niewelaanscht och Fussball gespillt. Eng ausgerenkte Schëller oder dass een säin gielen Kalzong bei enger Virstellung gesäit, hëlt hien a Kaf fir d'Leit z'ënnerhalen. Seng Léift zum Gong a wéi säin Schoulkolleeg Nicolas Schmit et bei d'LSAP bruecht huet, gëtt een niewebäi och gewuer.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen