
E Gaart mécht ëmmer Aarbecht, souguer am Summer, dofir gëtt et jo och Leit déi hier kleng gréng Oas wärend de gudde Méint vum Joer net gären eleng loossen, fir dass se net aus der Vakanz kommen an alles d'Läpper hänke léisst. De Grénge Jeannot pickt ee Punkt eraus, deen och elo nees ufält.
Wat maachen ech mat mengem Gestrëpps oder wat maachen ech mat mengem Gesträich, dat am Fréijoer geblitt huet, oder lo kuerz virum Summer geblitt huet, a wou lo keng Bléien méi drun sinn, dh dann och keng méi kommen well d'Laf ass jo nach drun. T'ass gréng mee bon, t'ass e normale Strauch, do kënnt keng Bléi méi drun. Do ass et ganz wichteg elo dat Gestrëpps ze schneiden. Alles wat verblitt ass soll rausgeschnidden ginn a natierlech kann ech en dann verjéngen, da mécht en nämlech Knospen fir d'nächst Joer Fréijoer oder Fréisummer.
Wier den Hierscht dann keng Alternativ fir d'Gesträich ze schneiden?
Wann ech dat am Hierscht maachen, ass et jo esou dass en schonn d'Knospen fir dat anert Joer gemaach huet, an dann schneiden ech all déi Bléiknospen ewech, dann hunn ech natierlech net méi vill Bléien oder guer keng Bléi méi dat Joer drop. Dofir ass et ganz wichteg elo am Summer alles dat ze schneiden, wat am Fong verblitt ass.