Huet een e Gaart oder e klenge Park doheem, da bleift een och am Summer un der Aarbecht. Déi meescht vun eis hu ronderëm d'Dier eng kleng Heck geplanzt, fir visibel ze maachen wou den Terrain vum Noper ufänkt oder sech carrement virun de Blécker vu frieme Leit ze schützen. Fir se ëmmer schéin propper ze halen muss een se och reegelméisseg stutzen, just wéini ass dee richtege Moment? De Jeannot Lacour vu Réiden mam Agenda.

-Enn Juni, Ufank Juli ass ëmmer Zäit fir den éischten Schnatt vun den Hecken ze maachen. Bei de Buchen, Hobichen zum Beispill ass et wichteg, dass zweemol d'Joer geschnidden gëtt. Eng Kéier am Summer an eng Kéier am Hierscht fir dass d'Äscht net ze déck ginn an dass een se nach ënner Kontroll hält. All de Recht, wéi Hecken mat Nolengehëlz zB wéi Tajus oder Tuja mussen net zweemol. Wa se zweemol geschnidden ginn bleiwe se méi kompakt a méi dicht. 

Hecke schneiden - allgemeng

De Moment wuessen d'Hecken alleguerten wéi geckeg, well se déi Konditiounen hunn déi se brauchen an do gehéiert d'Sonn mat virbäi.

Zemols bei Tujaen kënnt et vir, dass se bemol ze breet sinn , an dann wëll ech se méi schmuel maachen, dann geet et natierlech, mee et ass komplett dier a wiisst net méi no an ech hu riseg Lächer dran. Dofir ass et wichteg en éischte Schnatt am Summer, Enn Juni, Ufank Juli ze maachen fir dass d'Hecken net ausaarten an dass ee se ëmmer ënner Kontroll huet.

Hecke schneiden -Thuja