
© Patrick Greis
Et gëtt Leit déi moies, mëttes an owes allméiglech Pëllen schlécke mussen fir hier Gesondheet am Equiliber ze halen. Den Dokter Marc Keipes aus dem groussen GesondheetsZenter op der Gare versicht haut dem Phänomen vum Blutthéichdrock op d'Spuer ze kommen, fir op d'mannst op déi Pëll verzichten ze kënne.
Déi klassesch Liewensstilinterventiounen sinn bekannt. Bei Iwwergewiicht ofhuelen, och nëmmen e bësschen. E puer Kilo hëllefe ganz vill. Manner Salz iessen, wat net einfach ass, reegelméisseg Beweegung, sou lues maachen mam Alkohol wéi et nëmme méiglech ass a net fëmmen, kloer. Mee an de Leitlinnen vun der 'deutscher Hochdruckliga' kommen zwou nei Kategorien vir déi interessant sinn. Mir zitéieren. Kucken méi Kalium z'iessen. Wat ass Kalium? All eis Zellen brauchen Kalium. Zesummen mat Magnesium stabiliséiert de Kalium, och Potassium genannt d'Häerzzellen elektresch, wat gutt fir d'Häerzmuskelkontraktioun ass.
Elo stellt sech d'Fro mat der richteger Dosis.
Der Leitlinn no soll all Mënsch 3000 mg Kalium ophuelen pro Dag aus dem Iessen. Dat geet ouni Problemer wann een 5 Handvoll Uebst a Geméis ësst, an dann ass dat automatesch. Mee dat packen awer verschiddener ënner eis net. Wou ass dann elo am meeschte Kalium dran, ausser den onbeléiften Sojabounen oder Torfu. Majo a gedréchentem Uebst wéi Aprikosen oder Pijen, Pistachenëss, Dattelen, Kabeszorten. Och Zaloten an och nach eis Banannen. Awer falls, an dat ass superwichteg, falls är Nieren net méi gutt funktionéieren, muss ee mam Kalium lues maachen. Schwätzt mat ärem Dokter, da bleift dir gesond.