
© Shawna Fonk
En Donneschdeg den Owend sinn am Melusina am Kader vun de Leo Awards Präisser fir déi bescht Campagnë vu Lëtzebuerg iwwerreecht ginn.
Dësen Event, organiséiert vu Paperjam, MarkCom an IP Lëtzebuerg, huet am ganze méi wéi 350 Leit zesumme bruet. Dorënner waren de Minister fir Kultur a Ministre délégué au Tourisme, den Här Eric Thill, vill Kreativer vun de Publicitéits- a Kommunikatiounsagencen, an Annonceuren.

© Shawna Fonk
De Christian Schmitz, Direkter vun der IP Lëtzebuerg, erkläert, ëm wat et bei de Leo Awards geet, a wat sech dëst Joer am Programm vun der Präisiwwerreechung geännert huet.
"Jo, d' Leo Awards sinn ee Concours, wou mer d' Kreativitéit an der Publicitéit wëlle promouvéieren an och auszeechnen. Also mir hunn opgeruff all d'Agencen, d'Annonceuren hei zu Lëtzebuerg matzemaachen a gewëssene Kategorien. Mir hunn et e bëssen anescht gemaach wéi déi Jore virdrun. Do war et e bësse méi akademesch, do hu mer sou en Dinner gemaach, wou d' Leit all souzen a mir wollten haut deen Deel vun der Präisiwwerreechung e bësse méi kuerz halen. Da wëlle mer duerno e bësse méi Party dra kréien."

© Shawna Fonk
D’Beryl Koltz, Responsabel fir d’"Promotion de l'image de marque" vu Lëtzebuerg, war dëst Joer och Deel vun der Jury. Op wéi eng Krittäre gouf da gekuckt beim Auswiele vun de Gewënner?
"Also d' Krittären, no deene mer an der Jury deliberéiert hunn, et ass éischtens mol d'Pertinenz, dat heescht de Rapport tëschent dem Fong an der Form, dat heescht wéi konkreet, wéi richteg, dass am Fong d'Intentioun vum Annonceur konnt ëmgesat ginn, dann d'Kreativitéit, d'Originalitéit vum Projet, Koherenz tëschent de verschidde Kanäler, wann et eng Campagne multicanal war an dann och d'Exekutioun.Dat heescht et ass, et geet net just duer eng gutt Iddi ze hunn, mee et muss ee se gutt ëmsetzen."
Och mat e puer vun de Gewënner konnte mir den Owend selwer schwätzen, a si zielen eis wat hinnen dëse Präis bedeit.
"Bon, ben, c'est une super récompense. On est ravi en plus d'avoir un Gold. A titre personnel et aussi pour mon équipe, c'était la première campagne, moi, depuis que je suis arrivé chez Enovos, donc voilà, c'était un petit challenge à la fois perpétuer un petit peu la saga des films de Noël qu'on faisait par le passé, puis d'ajouter une petite touche personnelle, donc voilà, ravi et vraiment heureux.
Also fir mech, de Präis wäisst dat et am Fall ganz wichteg ass, wa mir enk mam Client zesummen schaffen an och sech selwer ze challengen. Ech mengen de Resultat ass immens."
D’Lëscht mat alle Gewënner vun de Leo Awards 2025 fannt Dir op rtl.lu.

© Shawna Fonk