De Jean-Paul Maes ass Auteur, Acteur a Regisseur. Hien ass meeschtens op déi Rollen vun de Béisen an Ellenen abonéiert. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch, dass hien schonn mat 8 Joer Theaterstécker geschriwwen an niewelaanscht och Fussball gespillt huet. Eng ausgerenkte Schëller oder dass een säin gielen Kalzong bei enger Virstellung gesäit, hëlt hien a Kaf fir d'Leit z'ënnerhalen. Seng Léift zum Gong a wéi säin Schoulkolleeg Nicolas Schmit et bei d'LSAP bruecht huet, gëtt een niewebäi och gewuer. Piano: Marc Schmidt

30-06-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Paul Maes (Méindeg)

Muer géint 17h15 erënnert de Jean-Paul Maes u seng éischt Schrëtt op enger Bün bei der 'Union amicale et theatrale de Differdange'. Hien verzielt wéi en zesummen mam Serge Tonnar an Däitschland gespillt huet a wou hien selwer e Kannermäerder verkierpert huet. An den Acteur verréit wéi e Filmprojet säin allerléifsten war a wat hien alles gemaach hätt, fir dës Roll ze kréien.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen