Den 18ten Juni huet de Jean-Paul Maes seng 70 gefeiert. Den renomméierten Acteur, Regisseur an Auteur ass houfreg op dat wat war a kuckt mat sengem Kaleidoskop Theater an d'Zukunft. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten Spiichten aus sengem beweegten Liewen verzielt, awer och där déi mat der Theaterwelt an där vum Kino zesummenhänken. Piano: Marc Schmidt

01-07-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Paul Maes (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Paul Maes, dass et um Ufank net einfach war fir e Fouss - op d'Brieder déi d'Welt bedeiten - ze setzen. 3 Uleef huet et gebraucht bis en zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst huet. Mir héieren awer och dass hien schonn mat 8 Joer séier Theaterstécker geschriwwen huet, déi dee selwechten Dag nach opgefouert goufen, a mir héieren wéi säin Schoulkolleeg Nicolas Schmit bei d'LSAP koum.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen