
© Patrick Greis
De Jean-Paul Maes huet als Drécker beim Tageblatt geschafft. E Numm gemaach huet hien sech awer beim Theater an am Film. Déi 'Déifferdenger Union Théâtrale' den TOL, d'Bühn 77 waren just e puer Ulafplazen ier hien d'Schauspillschoul zu Graz gemaach huet an zu Bregenz, Bamberg, Osnabrück a Frankfurt Theater gespillt huet. 1988 koum hien zréck an d'Land an huet sech als fräien Acteur, Regisseur an Schrëftsteller etabléiert. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten déi eenzel Etappen Revue passéiere gelooss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Jean-Paul Maes vun enger Russemutz a wat se alles ausgeléist huet an den Acteur zielt, dass seng Kanner sech fir hire Papp geschummt hunn zum Beispill well hien Modern Talking am Auto lafe gelooss huet wann hien si bei d'Schoul siche koum oder wann hien duerch d'Duerf haart geruff huet, wann hien si gebraucht huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen