De Jean-Paul Maes ass abonéiert op all déi grujeleg Gestalten an der Theater- a Filmwelt an léist Angschtgefiller mat senge Personnagen aus. Awer längst zitt hien éischter d'Fiedem bei grousse Produktiounen wou hien als Auteur oder Regisseur am Hannergrond bleift. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten eenzel Geschichten erausgepickt déi och nieft der Bün fir vill Gespréichsstoff gesuergt hunn. Piano: Marc Schmidt

03-07-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Paul Maes (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Paul Maes, wéi hien an engem Stéck ongewollt d'Box verluer huet a säin giele Kalzong fir vill Gespréich gesuergt huet. Hien huet bei enger Opféierung d'Souffleuse haart ëm Hëllef gefrot a beschreift eng Virstellung wou hien vun der Bün gefall ass, a sech seng Schëller ausgerenkt huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen