
© Patrick Greis
Dem Jean-Paul Maes säin Häerz schléit fir d'Bün, de Film a fir de Minett. Den Acteur, Regisseur an Auteur vun villen Theaterstécker hat seng Léierjoren zu Graz un der 'Hochschule für Musik und darstellende Kunst'. Vill Erfarung huet hien zu Bregenz, Bamberg, Osnabrück a Frankfurt am Main gesammelt bis hien zréck op Lëtzebuerg koum an zu Esch, am Kapuzinterhteater an am Théâtre du Centaure' gewisen huet wat an him stécht. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och net verheemlecht dass et e puer Déifschléi gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Jean-Paul Maes wéi seng Mamm versicht huet, mat engem Wecker seng Karriär ze verhënneren. Mir héieren firwat hien seng Stunten net selwer mécht a firwat d'Luna him an der Zäit als Fussballveräin ganz sympathesch war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen