Dem Jean-Paul Maes seng Stécker spillen meeschtens am dierfleche Milieu an thematiséieren déi gesellschaftlech Verännerungen am Mikrokosmos vun Familljen. Awer och Formen vun Diskriminéierung an der Lëtzebuerger Gesellschaft schloen sech ëmmer nees néier. d'Regisseurin Eva Paulin, mat där de Jean-Paul virdrun bestuet war, war fir vill Inzenéierungen vu senge Stécker responsabel. Am 'Café des artistes' gouf et keng grouss Inzenéierung mee e labbert Gespréich vun Hippches op Hapches. Piano: Marc Schmidt

05-07-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Paul Maes (Samschdeg)

De ganze Podcast gëtt et elo op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et all Dag um Fernand Guelf. Bekannt als Gastronom vum Melusina, iwwer d'Brasserie Mansfeld bis bei d'Brasserie Kirchberg. Bei him trëfft den däitsche Sproch 'Wer nichts wird, wird Wirt' net zou, well de Fernand Mathias Guelf ass och Philosoph a Schrëftsteller an huet nieft Philosophie och däitsch Literatur a Geschicht studéiert. Hien zielt iwwer säin Papp deen 'Sheriff zu Waasserbëlleg' war, seng Zäit zu Iechternach an der Bullett a säin éischte Streik. Mir ginn gewuer firwat hien no 25 Joer keng méi umécht, dass hien den Alain Delon aus der Eifel genannt gouf a firwat seng Karriär bei RTL sou abrupt op en Enn goung.