
© Patrick Greis
De Jean-Paul Maes ass Auteur, Acteur a Regisseur. Hien ass meeschtens op déi Rollen vun de Béisen an Ellenen abonéiert. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch, dass hien schonn mat 8 Joer Theaterstécker geschriwwen an niewelaanscht och Fussball gespillt huet. Eng ausgerenkte Schëller oder dass een säin gielen Kalzong bei enger Virstellung gesäit, hëlt hien a Kaf fir d'Leit z'ënnerhalen. Seng Léift zum Gong a wéi säin Schoulkolleeg Nicolas Schmit et bei d'LSAP bruecht huet, gëtt een niewebäi och gewuer. Piano: Marc Schmidt
Ofso:
De ganze Podcast gëtt et elo op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et all Dag um Fernand Guelf. Bekannt als Gastronom vum Melusina, iwwer d'Brasserie Mansfeld bis bei d'Brasserie Kirchberg. Bei him trëfft den däitsche Sproch 'Wer nichts wird, wird Wirt' net zou, well de Fernand Mathias Guelf ass och Philosoph a Schrëftsteller an huet nieft Philosophie däitsch Literatur a Geschicht studéiert. Hien zielt iwwer säin Papp deen 'Sheriff zu Waasserbëlleg' war, seng Zäit zu Iechternach an der Bullett a säin éischte Streik. Mir ginn gewuer firwat hien no 25 Joer keng méi umécht, dass hien den Alain Delon aus der Eifel genannt gouf a firwat seng Zäit bei RTL sou abrupt op en Enn goung.