Héije Bluttdrock gëtt an Däitschland 'stiller Killer' genannt, well e laang Zäit keng Symptomer weist awer op Dauer d'Häerz an d'Oderen schiedegt. Den Dokter Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare versicht eis haut e puer Tuyauen mat op de Wee ze ginn, wéi een ouni Pëllen eppes fir seng Gesondheet, an deem Sënn, maache kann. Alles Saachen déi op der Hand leien, et muss ee se just ëmsetzen.

Wann ee midd ass, soll een ouni schlecht Gewëssen raschten an och emol Neen soen, sief et privat oder bei professionelle Verflichtungen. E gudden Trick, soen et hätt een seng Agenda net derbäi, a géint duerno zréckruffen oder mailen, an no e bësschen Iwwerleezäit fält et net sou schwéier fir emol eppes ofzesoen. Wann een ze vill nodenkt iwwer Saachen déi net ze ännere sinn, soll ee sech einfach eng nei Zukunft plangen.

Dr Marc Keipes - héije Bluttdrock - Rotschléi

Eisen Doc versicht also derlaanscht ze kommen eppes fir de Medikamenteschaf opzeschreiwen, an huet souguer nach en perséinlechen Tipp.

Ech riichte mech ëmmer op, andeems ech déi positiv Saach vum Dag oder der Woch opruffen, dat hëlt dann d'Plaz vun deem negativen zum Deel an, an et mécht mech och nees e bësschen méi roueg. Wann een iwwerlaascht ass, ganz einfach delegéieren. Also ech weess net op déi Leit déi déi Richtlinnen do verfaasst hunn, jee um Terrain geschafft hunn, mee wien hätt nach Stress wann et sou einfach wier. Adresséiert Iech un ären Hausdokter, deen kennt Spezialisten déi Iech gezielt hëllefe kënnen ier et zum 'Burn-out' kënnt.

Dr Marc Keipes - héije Bluttdrock - perséinlech