
© Patrick Greis
De Fernand Guelf ass bekannt als Gastronom. An der Zäit als Chef vum Melusina, iwwer d'Brasserie Mansfeld bei elo d'Brasserie Kirchberg. Bei him trëfft den däitsche Sproch 'Wer nichts wird, wird Wirt' net zou, well de Fernand Mathias Guelf ass och Philosoph a Schrëftsteller an huet nieft Philosophie och däitsch Literatur a Geschicht studéiert. Hien zielt dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch iwwer seng Zäit zu Iechternach an der Bullett a säin éischte Streik. Mir ginn gewuer firwat hien no 25 Joer keng méi umécht an dass hien den Alain Delon aus der Eifel genannt gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Fernand Guelf iwwer seng Joren bei RTL. Den Ufank an der Kulturredaktioun wou e mat Kriticken seng eege Kolleegen an d'Pan geklaakt huet. Hien erënnert u säin 'Hörspiel' wou hien wéinst enger surrealer Zeen, vill Kaméidi krut a hien beschreift firwat seng Karriär en abrupt Enn krut.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen