
© Patrick Greis
De Fernand Guelf ass an zwou Welten doheem. Do wier déi vun den Clienten vu sengem Restaurant um Kierchbierg déi vu senger Kichen a senger Kachkonscht profitéieren, an do wieren d'Lieser vu sengen sëllegen Publikatiounen déi den Lëtzebuerger Philosoph a Schrëftsteller schonn erausbruecht huet. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de Fernand M. Guelf dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och vun enger drëtter Karriär geschwat, déi zimmlech turbulent war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Fernand Guelf wéi en säin Studium an de Melusina ze leeden ënnert een Hutt bruecht huet. Mir héieren wéi hien zum Alain Delon aus der Eifel ginn ass a wéi et mam Succès bei der Dammewelt war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen