Iechternach, Saarbrécken, Berlin an de Kierchbierg sinn nëmmen e puer Etappen déi am Liewen vum Fernand Guelf eng grouss Roll spillen oder gespillt hunn. Restaurateur, Schrëftsteller, Radioanimateur a Philosoph ass eng ongewéinlech Kombinatioun an am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden wéi et zu all deem komm ass, an och firwat et déi Reiefolleg war. Piano: Marc Schmidt

09-07-2025 RTL-Afterwork: mam Fernand Guelf (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Fernand Guelf, wéi hien mat 15 an eng 'Midlife Crises' gefall ass. Hien zielt, wat hien komme gelooss huet, dass de fréieren Unterrechtsminister Dupong bemol net méi bei hien an de Restaurant iesse koum a mir héieren wat hien an en 10 Säiten Aufsatz geschriwwen hat, nodeems hien am Lycée beim fëmmen erwëscht gi war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen