2024 huet d’Gemeng Stroossen en internationale Forum organiséiert, bei deem Si zesumme mat verschiddene Stied aus der Ukrain an d’Gespréich komm sinn. Am Kader vun dësem Projet sinn 20 Teenager aus Bucha vum 21. bis den 28. Juni op Lëtzebuerg komm, fir e bëssen Ofstand vun der Krichssituatioun ze kréien an där si de Moment liewen.

08/07/2025 20 Teenager aus der Ukrain

De Ben Boulanger, responsabel fir de Jugend-Service an der Gemeng Stroossen, iwwer déi geplangten Aktivitéiten:

"Ma mir hunn e ganz flotte Programm opgestallt. Mir ginn u sech all Dag gi mer op eng aner Plaz. Dat heescht, am Ufank vun der Woch ware se elo scho vill an der Stad, well do d' Festivitéite ware fir den Nationalfeierdag. Du ware mer virgëschter op Veianen, gëschter ware mer op Schengen an da gi mer haut elo an den Science Center op Déifferdeng an muer gi mer an de Kloterpark op Stengefort."

Mir hunn och mat zwee vun den Teenager geschwat, dem Daria an dem Alexandra, wéi si dës Woch erliewen.

"I was really excited, because I was always seeing those pictures from Luxembourg and hearing those stories about how beautiful the country is. We did try your local ice cream. Everyone here really liked it. And we also tried your sausages. They were also really good. I am impressed because of the fireworks. I haven't seen it for a long time and it was really, it was really beautiful, but sometimes it was sounds, it was like explosions."

RTL

© shawna fonk

Wat erhofft een sech da wat déi Jonk vun dëser Woch hei zu Lëtzebuerg mathuelen, Ben Boulanger?

"Ma éischtens hoffen ech emol, dass déi Jonk sech hei emol konnte e bëssen erhuelen, dass se hei e bësse konnten erofkommen an net ëmmer déi Gedanken am Kapp hunn, déi se warscheinlech an der Ukrain hunn an dass se awer och vill flott Erfarunge mathuelen, wat se hei erlieft hunn, wat se gesinn hunn."

Eng flott Initiativ vun der Gemeng Stroossen, déi hoffentlech de Jugendlechen aus der Ukrain a gudder Erënnerung bleift.