
An der Praxis vun der RTL Déierendoktesch Romi Roth gesäit si all Dag zeg Fäll, déi sech gläichen, awer an der laanger Beruffserfarung gëtt et och ëmmer nees Iwwerraschunge mat deenen een esou net rechent, a wou een dann nawell séier mat der richteger Léisung parat stoe muss, fir dass alles e gutt Enn hëlt.
„Mäi Ouistiti ass iwwregens och geckeg op Kaffi!...“ sot eis op eemol de Meeschter vum schéine risege Maine-Coon-Kueder, déi mir zanter elo bal annerhallwer Woch hospitaliséiert haten an deen einfach guer näischt méi friesse wollt. Wat grad fir eng Kazeliewer doudgeféierlech ka sinn. Säi Liewerprofil an de Bluttanalyse war deementspriechend schlecht. Mir hu lues a lues schonn un eng Euthanasie geduecht.
Mee et gëtt natierlech eng Behandlung fir all Problem, et dierf een just näischt ausschléissen, a mat Zäit drop kommen, wou de Schong dréckt an eppes schif leeft.
80mg Koffein op de Kilo Muuss sinn däitlech gëfteg, an an enger gudder Taass Filterkaffi, wéi dem Ousititi säi Chef en am léifsten drénkt, si schonn emol direkt ëm déi 95mg dran. Donieft hu mir dunn erausfonnt, dass den immense Béischt ewell zanter laangem all Dag um Kaffi geschlabbert hat. Dat däitscht Vergëftungsinstitut, dat mir fir dee Spezialfall du consultéiert hunn, war och ganz skeptesch, ob mir eise Patient nach aus de Laberente erëmkréichen, bei hinne géifen déi Kaffis-Geschichten ëmmer schlecht ausgoen. De Ouistiti hat terribel Chance, no iwwert enger Woch Baxteren a konsequenter Entgëftungstherapie war hien nees um Dill, mee fir de Rescht vu sengem Liewen gëtt hien elo wäit fort vun all Kaffistaass gehale.