© Patrick Greis
Gemengerot, Chamber, Staatsrot. De René Kollwelter hat genuch politesch Kapen un. Hien ass Grënner President vun der reformistescher Denkfabrik générations-europe.lu déi fir ee soziaalt Europa asteet an och Member vum franséische Parti socialiste, vum Parti socialiste européen an der LSAP fir déi hien 2009 Kandidat mat an d'Europawalen war. Am 'Café des artistes' gouf et Béierdeckelsgespréicher mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de René Kollwelter iwwer seng Frëndschaft mam fréieren Staatsminister Jacques Santer. Hien wullt awer och a senger Vergaangenheet wou en als Bréifdréier mat op den Tour war, a mir ginn méi gewuer, dass en elo alles zu Lëtzebuerg verkaaft huet an auswandert.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen