Fans vum Diana Krall kënne sech freeën. Den Donneschden 2. Oktober 2025 ass déi Kanadesch Jazzpianistin a Sängerin zréck zu Lëtzebuerg an dat an der Rockhal.

Der Diana Krall hier Welt ass d'Musek. Si ass an enger musikalescher Famill opgewuess an huet och e Museker, den Elvis Costello bestuet. Mat 15 Joer ass si reegelméisseg opgetrueden, Ufanks a Restauranten an a Baren bis dann 1993 mat hirem Debutalbum den Duerchbroch koum a si op grousse Büne stoung.

Hiere Repertoire geet vu gutt bekannte Klassiker bis bei hir eege Kompositiounen an d'Diana Krall ass eng vun den wéinege Jazz-Sängerinnen, déi hir Alben op d'Spëtzt vun de Billboard Jazz Albums Charts konnt setzen. Dekoréiert mat Grammien an Juno Awards; an awer ass d'Sängerin mat der aussergewéinlecher Stëmm bescheiden. Esou sot si an engem Interview, datt si nawell schei wier an net de groussen Entertainer op der Bün.

Zur Zäit ass se an eiser Géigend ënnerwee, der Belsch, an Holland, Däitschland, England, Frankräich oder Polen.
An eben och zu Lëtzebuerg, elo den nächsten Donneschden den 2. Oktober an der Rockhal.