De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der fréierer Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Mat hir gouf iwwer alles geschwat, just net iwwer d'Corona Pandemie, dofir hat si en Joker. Et gëtt een gewuer, dass si en Accident war, 3 Uleef gebraucht huet fir de Führerschäin ze packen, dass si wärend der Uniszäit bei enger Swingerkoppel gewunnt huet, an och alt emol d'Iessen mat Fëschfudder gewierzt huet. D'Paulette Lenert zielt vun engem Foussfetischist deen et op si ofgesinn hat a vu engem Schwan deen si rette wollt an domadder d'Vullegripp op Lëtzebuerg bruecht huet.