D'Paulette Lenert ass nach ëmmer deen zweetbeléiftste Politiker aus dem Land. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt een gewuer, dass si 3 Uleef gebraucht huet fir de Führerschäin ze packen, dass si wärend der Uniszäit bei enger Swingerkoppel gewunnt huet, an och alt emol d'Lasagne mat Fëschfudder gewierzt huet. Am 'Café des artistes' zielt d'Paulette Lenert vun engem Foussfetischist, deen et op si ofgesinn hat a vu engem Schwan, deen si rette wollt an domadder d'Vullegripp op Lëtzebuerg bruecht huet. Piano: Marc Schmidt

29-09-2025 RTL-Afterwork: mam Paulette Lenert (Méindeg)

De ganze Podcast ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Muer géint 17h15 zielt d'Paulette Lenert dass hir Mamm aus hir eng 'Äisprinzessin' maache wollt. Mir héieren firwat si schonn dacks frou war dass si e gudde Schutzengel hat a ginn gewuer firwat si 3 Uleef gebraucht fir den Autosführerschäin.