
© Patrick Greis
An der Politik war si eng Quereinsteigerin. Si huet als Affekotin geschafft a vun 1994 un ass se bei de Justizministère gewiesselt. Du koum d'Verwaltungsgeriicht, Etappen a verschiddene Ministèren an am Dezember 2018 gouf se an d'Regierung vum Xavier Bettel beruff, wou se sech spéitstens bei der Pandemie als Gesondheetsministesch huet missen beweisen. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e grousse Bou ronderëm Corona an déi ganz Decisioune gemaach a wollten de Mënsch besser kenneléieren. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Paulette Lenert wéi se mat 14 Joer eng Busrees mat hire Frëndinnen gemaach huet an de Chauffeur si bei engem Tëschestopp vergiess huet. Mir héieren op wéi enger spezieller Plaz d'Mme Lenert op der Gare danze gaangen ass an dass se wärend der Uniszäit och emol bei enger Swingerkoppel gewunnt huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen