
© Patrick Greis
D'Paulette Lenert war als Gesondheetsministesch eng vun den zentralen Figuren wärend der Corona-Pandemie wou si mat gudde Rotschléi an de richtege Wieder dem Land de Wee duerch déi irreell Zäit gewisen huet. Dat erkläert och bestëmmt firwat si och nach 5 Joer méi spéit op där zweeter Plaz am Politmonitor steet. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e grousse Bou ëm all déi Diskussiounen vun deemools mat Masken, Tester, Aerosolen an Impfungen gemaach, dofir goufen aner Geschichten aus der Jugend verzielt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Paulette Lenert dass si an der Studentenzäit eng Lasagne mat Fëschfudder gewierzt hatt. Si zielt dass si am Liewen heiansdo liicht verpeilt ass, och wann et drëms geet Zuch- oder Fligerticketen ze reservéieren, a mir héieren wéi se fir Aarbechtskolleegen e Maitrank maachen wollt, an eng gëfteg Planz erwëscht hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen