Politesch huet d'Paulette Lenert verschidden Etappen iwwersprongen, an gouf eréischt an der sozialistescher Partei visibel, wéi hier d'Plaz an der Regierung Bettel sécher war. Hier éischt Beräicher als Ministesch waren Entwécklungsaarbecht, humanitär Dossieren a Konsumenteschutz. Nodeems den Etienne Schneider am Februar 2020 zréckgetrueden war, gouf si d'Gesiicht vum Gesondheetsministère. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten och d'Kandheet an d'Studentenzäit gesträift. Piano: Marc Schmidt

02-10-2025 RTL-Afterwork: mam Paulette Lenert (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Paulette Lenert iwwer hiren Hond, deen Här Schmit heescht, an e bësschen asozial ass. Mir héieren dass si frou mat Foussmassagen ass, an dass si an hirer Zäit als Gesondheetsministesch mat engem Foussfetischist geplot war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen