© Patrick Greis
D'Paulette Lenert war eppes wéi en Äisbriecher an huet hier Positioun als nei Ministesch direkt mat 100 à l'heure ugefaange. Wärend der Covid-Pandemie hat een gefillt all Dag e Message vun der deemoleger Gesondheetsministesch an de Miedien, wou si d'Land gebieden huet all d'Reegelen anzehalen déi d'Regierung opgestallt hat. D'Pandemie ass iwwerstanen an d'Paulette Lenert sëtzt elo op der Oppositiounsbänk, an dofir fält et hier och bestëmmt méi einfach am 'Café des artistes' dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten op méi perséinlech Froen ze äntweren. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Paulette Lenert, dass si vill Aarbechten ronderëm d'Dier selwer mécht. Mir ginn gewuer, dass si duerch en dommen Accident mat Flip-Floppen am Rollstull gelant ass, an héieren dass si d' Vullepescht op Lëtzebuerg bruecht huet, duerch e Schwan deem si hëllefe wollt.
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen