Dass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wärend der Pandemie mam Premier Bettel gutt zesummegeschafft huet, huet een gesinn, an sou verwonnert et och net, dass si och elo nach, nodeems d'Regierung changéiert huet an hir jeeweilegen Funktiounen geännert hunn, nawell am Politmonitor nach ëmmer d'Plazen 1 an 2 beleeën a sech an der Memoire vun de Bierger agebrannt hunn. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer aner Froen gestallt wéi d'Journalistekolleegen an engem Background, Invité vun der Redaktioun oder Kloertext. Piano: Marc Schmidt

04-10-2025 RTL-Afterwork: mam Paulette Lenert (Samschdeg)

De ganze Podcast ass op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Ann Müller, der Cheffin vun der LUGA déi nach just bis den 18ten Oktober dauert. Mir ginn gewuer firwat si net Notär ginn ass mee Comptabel, Musekagentin an Diplomatin zu Berlin an der Lëtzebuerger Ambassade. Mir héieren dass hir Mamm zimmlech streng war, dass si eng Kéier zimmlech schwéier op de Kapp gefall ass a wéi hier Scheedungsparty verlaf ass, an kréien mat firwat den Nina Hagen Pullover bal Doudeger kascht hat an hire Spëtznumm Annalopp ginn ass,