Gëscht war e speziellen Dag fir d'Land, an dofir louch et op der Hand och e speziellen LIVE! planet people XXL ze maachen.
Net manner wéi 13 Invitéeën konnt de Raoul Roos an eisem Televisiounsstudio um Knuedler begréissen.

RTL

Virum Gala Dinner am Palais konnt een den Defilé um rouden Teppech suivéieren an déi schéin laang Toiletten vun den Dammen vum europäeschen Adel, der Chamber, aus der Regierung an der groussherzoglecher Famill bewonneren, wou eisen Moudeexpert Jean-Pierre Lucani en A drop geheit huet.

04-10-2025 LIVE (1) Jean-Pierre Lucani

Invitéiert war awer och de franséisch/lëtzebuergeschen Adelsexpert Stéphane Bern mat sengem Conjoint, deen den Haff gutt kennt an e gutt Gefill fir de Règne vum neien Grand-Duc Guillaume huet.

04-10-2025 LIVE (2) Stephane Bern
RTL

De Pierrot Matagne kennt als fréiere Commissaire général vun der FNEL den aktuelle Chefscout a neie Grand-Duc zanter senger Ufankszäit bei de Wëllefcher, wou hien 1991 beim Grupp Briddel Saint Hubert agetrueden ass.

04-10-2025 LIVE (3) Pierrot Matagne
RTL

D'Fabienne Wagner an de Flor Starsky waren mam Guillaume an der Primärschoul. Se hunn zesumme geléiert, gespillt, zesumme gefeiert a sinn zesummen erausgaangen. Och haut ass de Kontakt nach net ofgebrach an zu der gemeinsamer Zäit gehéieren och vill flott Anekdoten

04-10-2025 LIVE (4) Fabienne Wagner a Flor Starsky

De Joël Heyard a Christophe Strotz haten 2012 fir d'Prënzenhochzäit d'Lidd 'I'm in love' komponéiert dat all Reportagen a Live-Iwwerdroungen op RTL deen Dag als Hymne encadréiert huet. 13 Joer méi spéit fir den Trounwiessel hu si mam DJ Hoffi zesummen eng moderniséiert Versioun erausbruecht

04-10-2025 LIVE (5) Christophe Strotz, DJ Hoffi - Can you feel it

De Georges Sadeler mécht zanter sengem 8ten Liewensjoer Musek. De Militärmuseker ass de Komponist vum neien Marche Grand-Duc Guillaume an huet sech bei engem ëffentlechen Concours zu Hesper géint seng Konkurrenten duerchgesat.

04-10-2025 LIVE (6) Georges Sadeler - Marche Grand-Duc Guillaume

Den Historiker Robert Léon Philippart ass selwer am Stater Gemengerot a kennt sech wéi keen zweeten mat de Gebaier aus der Stad aus. De fréieren Direkter vum LCTO kennt och d'Geschicht vum Palais an der Chamber.

04-10-2025 LIVE (7) Robert Léon Philippart - Palais

Den Ivo Silva huet sech déi lescht Deeg als Shopping-King fir Souveniren op de Wee gemaach an e Puzzle, Béierglieser, Tasen an eppes fir dran, awer och Knippercher, Fändelen an e Molbuch gesammelt.

04-10-2025 LIVE (8) Ivo

De Chris Schagen ass bei RTL de Responsabelen fir d'Socials, wou och déi ganz Crew 3 Deeg permanent am Asaz ass fir déi beschte Biller op Instagram a Facebook ze kréien

04-10-2025 LIVE (9) Chris Schagen - Socials

Anekdoten vun de Schoulkolleegen aus der Primärschoul zu Luerenzweiler gouf et der genuch.

04-10-2025 LIVE - Anekdot 1 Fabienne Wagner - Piscine

d'Fabienne Wagner an de Flor Starsky hunn déi éischt Joren d'Schoulbänk zesumme gedréckt an do ass villes hänke bliwwen, och wann elo gëscht um 11h15 aus hirem Gimmi de Grand-Duc Guillaume ginn ass.

04-10-2025 LIVE - Anekdot 2 Fabienne Wagner - Party

E ganz schéinen Moment aus dem RTL Archiv konnt een awer och gëschter erëmgesinn, wou de Grand-Duc Henri um Weltkannerdag eng Schoulklass bei sech am Palais empfaangen huet an hinnen de Palais gewisen huet. Virdrun konnten d'Kanner awer hir Froen stellen, an zwar sou wéi Kanner eben sinn. Riicht eraus.

04-10-2025 LIVE - Grand-Duc Henri um Weltkannerdag - kachen