De 15. September goufen d'Emmy Awards 2025 verginn an hei huet d'Apple+-Serie The Studio de Rekord vu The Bear gebrach. The Bear hat am Joer virdrun 11 Präisser kritt, fir d'Komedie-Serie The Studio waren et der lo 13. Fir de Seth Rogan, deen net just den Haaptduersteller, mä och de Produzent ass, ass et de gréisste Succès vu senger Karriär.

08/10/2025 Série iwwer Sérien (The Studio)

Ëm wat et an der Satir The Studio geet, gesitt dir am Trailer.

Mir sinn zu Hollywood an der Filmbranche. De Seth Rogan spillt de Chef vum fiktive Filmstudio Continental. D'Serie ass eng Satir an d'Fonctionement vun der aktueller Filmbranche gëtt op d'Schëpp geholl. An all Episod hëlt ee sech engem Theema un, zum Beispill datt vill Schrott-Filmer produzéiert ginn, déi awer vill Suen erabréngen, datt d'Wichtegkeet vum Film oder der Konscht am Allgemengen an der Gesellschaft net als relevant ugesi gëtt, datt ee mat de Streamingdéngschter konkurréiere muss, an op wat een alles bei der Besetzung vun engem Film oppasse muss, fir keng Community ze trëppelen.

D'Stäerkt vu The Studio ass, datt d'Kritik un der Filmbranche duerch absurd, domm a witzeg Momenter eriwwerbruecht gëtt, dat wat de Seth Rogan perfekt kann, an dofir huet hien och komplett zurecht den Emmy fir de beschte Schauspiller an enger Komedie-Serie kritt. Et spiert een, datt déi involvéiert Persounen all Filmfanatiker sinn, déi de Film eigentlech rette wëllen.

Interessant sinn dann och déi vill Cameo-Optrëtter, also bekannt Leit, déi sech selwer spillen, wéi d'Zoe Kravitz, de CEO vun Netflix - an dat enger Apple+-Produktioun-, d'Breaking Bad-Legend Bryan Cranston oder och de Martin Scorsese.

Op Apple+ kënnt dir iech dann dovun iwwerzeegen, ob dir mat deenen 13 Emmy Awards fir The Studio averstan sidd. Vill Spaass beim Kucken.