Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen? 

02/10/2025 Mr Science - Endometriose

Haut geet et ëm en Theema, dat Millioune Frae betrëfft, awer oft iwwersi gëtt: Endometriose. Mr Science, fir all déi, déi nach ni dovunner héieren hunn, wat ass dat iwwerhaapt?

Mr Science: Endometriose ass eng chronesch Krankheet, bei där Geweebe, dat der Gebärmutterschläimhaut änelt, baussent dem Uterus wiisst – zum Beispill op den Eeërstäck, den Eileiteren oder esouguer an de Longen an am Daarm. Dat kann ënner anerem staark Péng am Ënnerleif an esouguer Onfruchtbarkeet verursaachen.

Ok, a wéi vill Frae sinn dovunner betraff?

Mr Science: Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter – also weltwäit ronn 200 Millioune Fraen.

Wat fir eng Symptomer kënnen optrieden?

Mr Science: Et gëtt eng breet Palette vu méigleche Symptomer. Heefeg si staark Péng bei der Reegel, Wéi wärend oder nom Geschlechtsverkéier a Verdauungs- oder Bloseproblemer – virun allem wärend der Reegel. Ongeféier 30 bis 50 % vun de betraffene Fraen hunn och Schwieregkeeten, schwanger ze ginn – meeschtens opgrond vun de Schied um Geweebe, déi d'Krankheet verursaacht. Wann een also vill Wéi wärend der Reegel huet an/oder de Verdacht op Endometriose besteet, sollt ee sech onbedéngt un en Dokter wenden.

Ass gewosst, wou d'Krankheet hierkënnt?

Mr Science: D'Ursaache sinn nach net eendeiteg gekläert. Geneetesch Veranlagung, eng sougenannt réckleefeg Menstruatioun – bei där Blutt an de Bauchraum fléisst, hormonell Aflëss an och Ëmweltaflëss wéi zum Beispill duerch Schuedstoffer ginn als Ursaachen erfuerscht. 

Wéi gëtt Endometriose diagnostizéiert?

Mr Science: Virun allem duerch eng Kombinatioun vu Symptomer, eng gynekologesch Ënnersichung an eng Rei Verfaren, déi Biller produzéieren – wéi zum Beispill Ultraschall oder IRM. Chirurgesch Agrëffer fir den Diagnostik ze erméigleche sinn dank moderne Bildtechnike meeschtens net méi néideg. A Frankräich gëtt aktuell esouguer e Spauttest am Kader vun enger Studie agesat. 

A vläicht déi wichtegst Fro: Kann een Endometriose behandelen a wa jo, wéi? 

Mr Science: Bis elo kann een d'Krankheet net heelen, mee et kann een d'Symptomer reduzéieren – mat Medikamenter géint d'Péng, Hormontherapien oder Medikamenter, déi en Enzym blockéieren, deen Testosteron ëmwandelt. Studie weisen nämlech, datt en niddregen Testosteronspigel mat engem méi héijen Endometriose-Risiko a mat méi Péng verbonnen ass. Sport ka laut Studien och hëllefräich sinn. E reduzéiert Entzündungen an de Wuesstem vun den Endometriose-Foyeren. Wann dat alles net wierkt, kann och eng Operatioun envisagéiert ginn, ëmmer mam Zil, d'Fruchtbarkeet ze erhalen.   

Dat kléngt alles net ganz einfach. Wat sinn dann d'Perspektiven? Gëtt et Hoffnung aus der Fuerschung fir déi betraffe Fraen?  

Mr Science: Jo! An deene leschte Jore sinn eng Rei therapeutesch Fortschrëtter gemaach ginn. Déi aktuell Fuerschung konzentréiert sech op geneetesch an immunologesch Aspekter vun der Krankheet, mam Zil, méi cibléiert a manner invasiv Therapien ze entwéckelen. Och déi regenerativ Medezin an Zelltherapië ginn ënnersicht. Méi Infoen dozou gëtt et och an engem längeren Artikel zum Theema op science.lu. Et bleift op jidde Fall spannend an der Fuerschung!