Op der Ann Müller, hirem CV steet nach bis den 18ten Oktober Coordinatrice générale vun der LUGA. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gewuer firwat si net Notär ginn ass mee Comptabel, Agentin fir Museker an Diplomatin zu Berlin an der Lëtzebuerger Ambassade. Mir héieren dass hir Mamm eng zimmlech streng war, dass si eng Kéier zimmlech schwéier op de Kapp gefall ass a wéi hier Scheedungsparty verlaf ass. Piano: Marc Schmidt

06-10-2025 RTL-Afterwork: mam Ann Muller (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Ann Müller wéi se vum Päerd gefall ass. Mir ginn gewuer wéi eng speziell Outfitten am Kleederschaf hänken an, dass si bis 16 nach mat Autoen gespillt huet an d'Männer réischt méi spéit koumen, an dunn awer net ze knapps.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen