Beim Ann Müller, der Coordinatrice vun der LUGA, ass alles e bësschen anescht. Ann kritt zum Beispill hannen keen 'e', hier béid Schwësteren sinn am Kongo op d'Welt komm a si seet vu sech selwer si wier e richtegt 'Gaassemeedchen' gewiescht. Hier Hobbyen waren an der Jugend Judo, Kajak, Basket, Reiden a Miseler Wäifester. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos an de Mike Fandel natierlech Prezisiounen gefrot zu allem wat sou am Raum stoung. Piano: Marc Schmidt

07-10-2025 RTL-Afterwork: mam Ann Muller (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Anne Müller dass si mat der Béierfläsch opgezillt ginn ass, wann hir Mamm kee Biberon zur Hand hat. Si zielt wéi se op Bréissel op eng Schoul koum, wou se 1 Joer nëmmen Strécher gezunn huet a wéi se bei d'Molerei komm ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen