
© Patrick Greis
Beim Ann Müller dierf een wierklech behaapten se hätt schonn alles gemaach just keng Mass gehale. Déi aktuell Cheffin vun der LUGA, déi den 18ten Oktober op en Enn geet, war fir unzefänken an engem grousse Garage, huet Molerei studéiert, d'Filmproduktioun AAFilm gegrënnt, eng Museksagence am 'Tränenpalast' zu Berlin gehat, an an der Lëtzebuerger Ambassade zu Berlin am Kulturberäich geschafft. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos an de Mike Fandel de Lieweslaf vum Ann der Rei no opgerullt a beliicht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Anne Müller dass si 7 Joer bestuet war an dat um Enn mat enger Scheedungsparty op der Plage gefeiert huet. Si zielt iwwer d'Hochzäit déi 6 Deeg gedauert huet, déi 7 Fläschen Drëpp déi se geschenkt krut an hiren wäissen Hochzäitsrack deen just 15 Euro kascht huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen