No 30 Joer zu Berlin ass d'Ann Müller wéinst der LUGA nees op Lëtzebuerg komm. Si huet hiert ganzt Liewen näischt anescht gemaach, wéi sech Projeten afalen ze loossen an duerchzezéien. 2020 huet si hir Kandidatur als Coordinatrice gestallt, an no 6 Wochen ass si mat 4 Wallissen heiheem ukomm. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel vill Etappen aus hirem ofwiesslungsräichen Liewen gesträift, a bei verschiddenen hu si nach emol nogehaakt, an de Fanger an d'Wonn geluecht. Piano: Marc Schmidt

09-10-2025 RTL-Afterwork: mam Ann Muller (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Anne Müller wéi se zu Berlin beim Film war an dunn zum Agent Muller ginn ass, a sech ëm Museker gekëmmert huet, a mir ginn gewuer dass d'Ann Judo an Taekwondo gemaach huet an sech och haut nach wieren kéint.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen