E Samschdeg 18ten Oktober feiert d'LUGA an der Uelzecht den Ofschloss, an deen Dag drop zu Ettelbréck. Am Mee goung et lass, soubal déi éischt Blummen an der Bléi stoungen, an iwwer de Summer hunn och vill Touristen sech dee faarwegen Spektakel ugekuckt a sinn mam Plang duerch d'Stad gecrosst fir näischt ze verpassen. D'Ann Muller huet als Coordinatrice, mat hirer Ekipp d'Fiedem gezunn oder soll een besser soen d'Wuerzelen vun dëser Open-Air Expo geluecht. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel déi couragéiert Fra ouni gréngen Domm kennegeléiert, déi an hirem CV näischt ausgelooss huet. Piano: Marc Schmidt

10-10-2025 RTL-Afterwork: mam Ann Muller (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt d'Anne Müller wéi se Skydiving gemaach huet, ouni Partner, well deen sech schlussendlech net getraut huet. Mir héieren, dass si sech no 30 Joer Berlin op en Neits an d'Stad Lëtzebuerg verléift huet, an si verréit, dass si mat 16 nach e Babysitter hat, well se ze vill gefaart huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen