D'Ann Muller ass eppes wéi e verspillten Bouf. Si huet hire Wee gemaach, a villes ausprobéiert fir elo bei der LUGA ze landen, wou si als Coordinatrice d'Geschécker geleet huet. Am 'Café des artistes' huet déi villsäiteg Persoun op déi eenzel Etappen zréckgekuckt. Mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel huet si gewisen dass si Spaass versteet, ausdeele kann a net op de Mond gefall ass. Piano: Marc Schmidt

11-10-2025 RTL-Afterwork: mam Ann Muller (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Guy Aach. De pensionéierten Geschäftsmann a fréiere Generalkommissär vun der FNEL zielt iwwer seng Léierjoren zu Genf a Stuttgart a wéi hien de jonke Kinnek Hussein zerwéiert huet. Mir ginn gewuer wéi en ënner d'Hauf komm ass a wéi een léiert en deieren Teppech un de Mann oder d'Fra ze bréngen. Mir héieren wéi den Ëmgang mam Grand-Duc Jean an dem Poopst Jean-Paul II war, wéi hien zum President vum jiddesche Consistoire ginn ass. Et geet ëm Glécksspiller, en eegene Fliger an Ënnerwäsch déi bei him méi deier wéi e gutt Hiem war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen