De Günther Jauch produzéiert en, an den fréieren Moderator vun den Tagesthemen Ulrich Wickert drénkt en. An dann gëtt et nach vill aner Leit déi e verherrlechen wéi wann et e Medikament wier, dat een owes ier een schlofe geet anhuele soll. Et soll een et just net iwwerdreiwen. Ass et e Mythos, eng gutt gestreeten Reklamm oder fält et alt nees ënner Fakenews. Den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet sech e Glas Rouden erausgeschott.
Mol virewech. Keen Alkohol ass ëmmer de beschte Choix, oder eben sou mann wéi méiglech. Dës Etüd kombinéiert 42 Observatiounsstudien, mat iwwer 96.000 Participanten. Een Ënnerscheed beim Kriibsrisiko tëscht roudem a wäisse Wäin konnt bei kenger Kriibszort fonnt ginn bei de Männer. Just gouf et 22% méi Hautkriibs bei de Wäisswäindrénkerten, wat awer ouni Explikatioun bei der Etüd bliwwen ass.
Et mécht een dann awer och en Ënnerscheed vun de Geschlecht, wann et ëm drénken vu roudem Wäin geet, a wéi en op d'Gesondheet wierkt.
Bei Fraen gesäit d'Etüd 26% méi héich Risiken bei Kriibs beim wäisse Wäin drénken. Ganz allgemeng kann een also de Mythos vum gesonde Rouden knécken. Vläicht huet et awer och mat anere Grënn ze dinn. Eng dänesch Etüd hat Keesenziedelen vu Supermarchéen ënnersicht, a gemierkt dass Leit déi Béierdrénker sinn méi oft Chips, salzeg Knabbereien a Burger am Caddie haten, an déi, déi Wäin kaaft hunn, déi waren éischter beim Kéis, den Oliven an Olivenueleg derbäi. Vläicht sinn et déi aner Gewunnechten déi matspillen. Losst sou vill wéi méiglech den Alkohol op der Säit, besonnesch als Fra, da bleift dir gesond.