Um Glacis ass den Owend dee groussen Ofschloss vun der Tournée vun eisem neien Grand-Duc. Op der Plëss am Cercle war gëschter d'Mëttegiessen, um Knuedler steet de groussen Ecran an den RTL Studio, an do wou gëschter de Grand-Duc sech an d'gëllent Buch ageschriwwen huet, ass de Moien Maart. De Patrick Greis ass bis dohinner fir mat de Leit an d'Gespréich ze kommen iwwer de neie Grand-Duc, den Trounwiessel, d'Festivitéiten an d'Wieder.

Wouriwwer klot een am allerléifsten, iwwer d'Wieder. An dat ass de Moment wierklech net zum Beschten. All Maartleit hunn natierlech en Dag iwwer dem Stand fir d'Wuer an d'Käpp vun de Clienten dréchen ze halen, awer bei sou Wieder kommen déi och just gedrëpst. Wéi ass et dann mat de Maartleit, hu se gëschter gekuckt a wat ass hinnen an d'A oder an d'Ouer gesprongen?

04-10-2025 Trounwiessel - Stater Maart (1) grouss Momenter (10h20)
RTL

Wéi geet et dann haut virun mam Gefeiers. Ginn d'Leit an eng vun de Stied déi fir d'Tournée vum neie Grand-Duc erausgesicht goufen oder kommen se den Owend nach emol op de Glacis?

04-10-2025 Trounwiessel - Stater Maart (2) sief dobäi (10h20)
RTL

Wat wënschen si der neier Koppel déi d'Land elo fir déi nächst 25 oder och nach méi Joren leed. Ännert sech eppes?

04-10-2025 Trounwiessel - Stater Maart (3) Aennerungen (10h20)
RTL
RTL