Den Te Deum kennt een aus dem Programm vu Nationalfeierdag, un deem déi groussherzoglech Famill mat un der Spëtz dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse deelhuelen. Laang Joren war dat moies de Rendez-vous, bis d'Regierung Bettel I den offizielle Festakt an der Philharmonie an d'Liewen geruff huet. Als Ofschloss vun den 3 Deeg vum Trounwiessel ass och en Te Deum, an de Paschtouer aus der Kathedral, Tom Kerger ass um Mikro vum Patrick Greis, fir Prezisiounen ze ginn.

Trounwiessel - Preparativen Te Deum mam Tom Kerger