
© Patrick Greis
Um Knuedler, do wou eise neie Grand-Duc sech e Freideg an dat gëllent Buch ageschriwwen huet, a wou e Samschdeg de Stater Maart ofgehale gouf, war gëschter de leschte Vide-grenier vun der Saison. Et gouf nach emol probéiert alles wat doheem iwwerflësseg ass, an een um Späicher oder am Keller hënnert, lass ze ginn. D'Wuer muss natierlech um Stand gutt presentéiert ginn, an do hunn e puer Dammen sech ganz schlau ugeluecht.
06-10-2025 leschte Vide-grenier (1) Offer

E Prabbeli iwwer dem Stand a gutt agepaakt huet een op d'Clientèle gewaart, déi sech trotz Reen a Wand gewisen huet. Mee huet et vill an der Keess gerabbelt an huet et sech rentéiert?
06-10-2025 leschte Vide grenier (2) huet et sech gelount?






Am meeschte gelies