Wann et eng Saach gëtt, wou jiddereen vill Fantasie entwéckelt a kreativ gëtt, dann ass et beim Ausriede fannen, wann ee sech laanscht de Sport drécke wëll. Déi meescht si souwisou der Meenung, dass een entweder richteg sportlech ass, oder guer net. An e puer kleng Übungen hei an do souwisou näischt bréngen. An do kënnt den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare an d'Spill.

Ech kréien oft ze héieren, ech hu keng Zäit. Da froen ech ëmmer ganz schäinhelleg 'Oh jee, hunn är Deeg keng 24 Stonnen'. Da kucke se mech an denken, wat ass dat do fir e Komeschen. 'A' soen ech, 'dir hutt aner Prioritéiten'. Fir dës Etüd sinn 25.000 Coach-Potatoen mat enger Fitnessauer ausgestatt ginn. Bis elo ass ëmmer geduecht ginn, et misst een Eenheeten vun op d'mannst 10' maachen, fir e Kardioseffekt ze hunn. Bei eisen Versuchspersoune koum eraus, dass Miniphasen, mat intensiver Beweegung am Alldag gemaach hunn, sougenannten VILPA'en (Vigorous Intermittent Lifestyle Physical Activity) Dat waren ëmmer nëmme Stécker vun 2 bis 5 Minutten.

Dr Marc Keipes - keng Ausrieden beim Sport - liddereg

An elo kënnt Zuelematerial, dat vläicht iwwerrascht, awer schwaarz op wäiss existéiert.

10% vun de Participanten hate guer keng Aktivitéit, also mol net déi doten a waren am Kontrollgrupp wärend 7 Joer. Faktoren wéi Alter, Fëmmen, aner Krankheeten sinn erausgerechent ginn. Frae koumen an der Moyenne op 3x3 Minutten VILPA pro Dag, an haten doduerch, passt op, 45% manner Häerzkreeslafkrankheeten, manner Kriibs an am allgemenge 40% manner Stierfrisiko. Bei de Männer waren et zwar méi Beweegungen, nämlech 5,6 Minutten 3x, op de Bus lafen, Trape klammen. Mir haten awer nëmme 16% Reduktioun vum Risiko. An der Moyenne maachen d'Männer vläicht e bësschen méi Sport souwisou, sou dass den Ënnerscheed eben vläicht net grad sou grouss ass. Ëmmerhin Mythos zerstéiert. All kleng Beweegung zielt, danzt en Tour, maacht amplaz eng Croissantspaus eng Crossfitpaus op der Aarbecht, da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - keng Ausrieden beim Sport - alles zielt