D'Paulette Lenert ass nach ëmmer deen zweetbeléiftste Politiker aus dem Land. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt een gewuer, dass si 3 Uleef gebraucht huet fir de Führerschäin ze packen, dass si wärend der Uniszäit bei enger Swingerkoppel gewunnt huet, an och alt emol d'Lasagne mat Fëschfudder gewierzt huet. Am 'Café des artistes' zielt d'Paulette Lenert vun engem Foussfetischist, deen et op si ofgesinn hat a vu engem Schwan, deen si rette wollt an domadder d'Vullegripp op Lëtzebuerg bruecht huet. Piano: Marc Schmidt

De ganze Podcast ass op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Guy Aach. De pensionéierten Geschäftsmann a fréiere Generalkommissär vun der FNEL zielt iwwer seng Léierjoren zu Genf a Stuttgart a wéi hien de jonke Kinnek Hussein zerwéiert huet. Mir ginn gewuer wéi en ënner d'Hauf komm ass a wéi een léiert en deieren Teppech un de Mann oder d'Fra ze bréngen. Mir héieren wéi den Ëmgang mam Grand-Duc Jean an dem Poopst Jean-Paul II war, wéi hien zum President vum jiddesche Consistoire ginn ass. Et geet ëm Glécksspiller, en eegene Fliger an Ënnerwäsch déi bei him méi deier wéi e gutt Hiem war.