
© Patrick Greis
De Guy Aach ass e pensionéierten Geschäftsmann aus der Stater Groussgaass a fréiere Generalkommissär vun der FNEL, deen haut op den Dag seng 87 Joer feiert. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gëtt een gewuer wéi hien ënner d'Hauf koum, a wéi een en deieren Teppech un de Mann oder d'Fra bréngt. Mir héieren wéi den Ëmgang mam Grand-Duc Jean an dem Poopst Jean-Paul II war, wéi hien zum President vum jiddesche Consistoire ginn ass. Et geet ëm Glécksspiller, en eegene Fliger an Ënnerwäsch, déi bei him méi deier wéi e gutt Hiem war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Guy Aach wéi hien Teppecher akaaft huet, a wéini hien wosst dass hien sech 'Schrott' undréie gelooss hat. Et geet ëm d'Wënsch vun de Clienten, an een deen eng Couette kaaft huet, déi sou deier wéi e klengen Auto war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen