
© Patrick Greis
Den 'Tapis Hertz' ass Geschicht. No 78 Joer hat d'Familljenentreprise viru gutt engem Joer och dat lescht Geschäft zougemaach. Nom Rodolphe Hertz hat de Guy Aach zesummen mat senger Fra Danielle Hertz 1960 d'Geschécker an der Stad iwwerholl. A Geschichten iwwer den Teppechhandel an d'Clienten gëtt et der genuch. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos an de Mike Fandel gewuer ginn wéi een gutt Geschäfter mécht a wou een besser d'Fanger dervun léisst. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Guy Aach iwwer en Teppech deen 500.000.- belsch Frang kascht huet. Hien verréit méi iwwer seng Kandheet an de Scoutismus wou hien et vum Wëllefchen bis zum Generalkommissär vun der FNEL bruecht hat. An mir héieren wéi eng excellent Relatioun hien mam fréieren Grand-Duc Jean hat, deen de Chef-Scout déi Zäit war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen