De Guy Aach ass nach e Geschäftsmann vum ale Schlag. Hien huet d'Geschicht vum 'Tapis Hertz' mat Orientteppecher vun de 60er Joren virun geschriwwen ier d'Duechter 2003 d'Zepter iwwerholl huet. De Fournisseur de la cour, huet villes erlieft, wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel am 'Café des artistes' verroden huet. Piano: Marc Schmidt

15-10-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Aach (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Aach weider aus senger Scoutszäit, wou hien mam Grand-Duc Jean schéin Geschichten erlieft huet, an och e puer privat Säiten vum Monarch kenne geléiert huet. Mir héieren wéi et koum dass den deemolegen Prënz Guillaume mat an den Nepal op Scoutsmissioun goung a mir héieren, wéi e guttgemengten Rot hien dem Poopst Jean-Paul II mat op de Wee ginn hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen