Als Stater Geschäftsmann aus der Groussgaass kennt een hien. Dass hien vun 1989 bis 1998 Generalkommissär vun der FNEL war dierft een och matkritt hunn. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gouf een awer verschidde léif Geschichten gewuer déi am Hannergrond gelaf sinn, a bis elo nach net public waren.  Zum Beispill och iwwer seng gutt Relatioun mam Chefscout, dem Grand-Duc Jean. Piano: Marc Schmidt

16-10-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Aach (Donneschdeg)

Zu där leschter Ausso muss een wëssen dass d'Enregistrement schonn den 16ten Juli gemaach ginn ass, an do nach keng rieds vu Fridden war. 

Muer géint 17h15 zielt de Guy Aach wéi hien mam Grand-Duc Jean an Israel war. Hien verréit dass hien zu Las Vegas bei enger Slot Machine gewonne huet a mir héieren dass hien eng Zäit Ënnerwäsch unhat déi méi deier war wéi seng Hiemer. 

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen